Dag vun der Batterie

18/02/2021
Dag vun der Batterie
Play

An e puer Länner vun der Welt ass haut den Dag vun der Batterie. Den 18. Februar 1745 gouf den Alessandro Volta gebuer an den italienesche Physiker gëtt als Papp vun der elektrescher Batterie ugesinn. Dofir läit et dann no, d'Batterie dann och dësem Dag ze feieren. Batterie vun alle Gréissten an Zorten kommen op der ganzer Welt an de Gebrauch an erliichteren eist Liewen, awer bal nach méi wichteg ass d'Entsuerge vun de Batterien. Mir hu bei Ecobatterien nogefrot.