Mobbing - Wat mécht de CePAS an de Lycéeën
22/02/2021

Thema Mobbing gëtt haut um Dag géint de Mobbing beliicht, net nëmmen op der Aarbecht ma och an de Schoulen. Hei ass de CePAS als Ressourcenzenter zoustänneg fir déi Psycho-Sozio-Educativ Equippen an de Lycéeën. Si maache Supervisioun a Begleedung, stellen och Instrumenter, Outilen a Methoden zur Verfügung, déi mat Themen ze dinn hunn déi ronderëm d'Wuelbefanne vun deene Jonken dréinen, wéi Drogekonsum, Gewalt, mental Gesondheet, zu deenen och de Mobbing gehéiert, Michèle Schons?
