De Reinhold Beckmann - Episod 24

04/03/2021
De Reinhold Beckmann - Episod 24
Play

Hien ass vrun allem bekannt als däitschen Talkmaster a Sport-Reporter. Jorelaang huet hie Fussballmatcher iwwerdroen an ënner anerem och Sport-Emissiounen op der ARD a SAT1 moderéiert. Ausserdeem huet de Reinhold Beckmann 16 Joer laang méindes owes seng Talk-Show "Beckmann" op der ARD presentéiert a produzéiert. Datt hien awer och e gudden a passionéierte Museker ass, dat ass eréischt an de leschte Jore bekannt ginn. Elo kënnt scho säin drëtten Album "Haltbar bis Ende" eraus mat selwer komponéierten Stécker an Texter. Den 30. Januar war de Reinhold Beckmann fir e Solo-Concert zu Ettelbréck am CAPE. Am Gespréich mam Christiane Kremer huet e verroden, datt e säin neit Musekerliewen genéisst, och wann den Talk em heiansdo feelt.