"Ready. Set. Design" bis den 11. Abrëll am Cercle Cité
24/02/2021

Wat mécht e grousse Film aus? Fir déi eng ass et d'Dréibuch oder de Numm vum Regisseur. D'Acteuren spillen dacks eng grouss Roll fir dass e Film d'Leit an de Kino lackelt. An dann kommen déi Saachen déi engem net sou opfalen an déi awer onmoosseg wichteg sinn, d'Musek an den Dekor. Hanner d'Kulissen vum Film zu Lëtzebuerg kuckt eng Ausstellung vum CNA vun Diddeleng, an déi ass nach bis den 11. Abrëll am Ratskeller vum Cercle Cité an der Stad.
