Black History Month: Aktuell Debatten
25/02/2021

An eisem RTL Wecker geet et haut ëm de Black History Month, dat ass eng Initiativ, déi aus dem Nordamerikanesche Raum kënnt. Do geet et dorëms op déi gesellschaftlech Beiträg a Leeschtunge vun Afrodescendanten ze honoréieren. Den Ursprong huet dës Initiativ an den USA aus den 1920er Joren, wou kritiséiert gouf, dass d´Geschichtsbicher just vun enger wäisser Perspektiv erzielen.
