Opfangstatioun fir wëll Déieren - D' Fréijoer kënnt
26/02/2021

Zu Diddeleng sinn déi wëll Déiere lass. Eis RTL Reporterin ass am Centre de soins pour la faune sauvage. Hei gi blesséiert Déieren nees opgepäppelt oder kleng Bëbee grouss gezunn, déi keng Eltere méi hunn. Et ass déi eenzeg Platz, wou sech ëm sou Déiere ka gekëmmert ginn. D'Lea Schwartz ass am Gespréich mat der Biologin an Directrice vum Centre.
