Ee Joer gratis ëffentlechen Transport: Fazit onméiglech
01/03/2021

Nationbranding-Coup oder awer d'Kiischt um Kuch vun enger Gesamtmobilitéits-Strategie?!?... zanter genee engem Joer ass de gesamten ëffentlechen Transport hei am Land gratis. Am leschte Schaltjoer gouf den 29. Februar d'Mesure nach grouss am neien Tramsschapp um Kierchbierg gefeiert. An dunn koum Corona. En éischte Bilan ze zéien fält no engem Joer, dat duerch Lockdown an Teletravail gepräägt, war natierlech immens schwéier. Eng Analyse vum Claude Zeimetz.
