Faaschtenzäit - mir sinn erëm mattendran!
01/03/2021

Aktuell stieche mir erëm matten dran: an der Faaschtenzäit an dat nach bis Ouschteren. Traditionell fänkt dës Zäit bei de Chrëschten op Äschermëttwoch un an dauert am ganze 40 Deeg. Wärend dëser Zäit heescht et da verzichten, op verschidde Liewens- oder Genossmëttel wéi Alkohol oder Séissegkeeten. Ma d'Faaschte ass awer wäit iwwert dësen Zäitraum eraus verbreet an ëmmer méi Leit entdecken dës Iesspaus fir sech. Nicky Soisson.
