Ënnerwee mat Schaarschtechbotzesch: Den éischte Kamäin ass gebotzt
02/03/2021

De Schaarschtechbotzer schafft meeschtens eleng. Et ass Kraaft gefrot, ëmmerhinn brauch een, nieft aner Outilen, eng Leeder fir op den Dag ze klammen. Och d'Botz-Geschir huet säi Gewiicht. Mam Caroline, Schaarschtechbotzesch bei Emil Antony, si mer de Mueren ënnerwee. Deen éischte Client ass schonn zefridden. Mir hunn e bësse vun der Situatioun profitéiert an Caroline gefrot wéi hatt bei dëse Beruff koum.
