Projet H2only: Blo Jeans gesicht!
05/03/2021

Elo wou d'Fréijoer virun der Dier steet, gëtt et fir vill Leit Zäit mol am Kleederschaf ze mëschten. Wann Dir do iwwert al, blo Jeans fale sollt aus deenen Dir, elo mat deem ganzen Doheem bleiwen, erausgewuess sidd oder déi Iech net méi gefalen, da geheit dës w.e.g. net an de Container! Well se gi gebraucht an dat fir e grousse Projet hei am Land!
