Suivez le guide: Mam Robert Léon Philippart duerch d'Stad

03/03/2021
Suivez le guide: Mam Robert Léon Philippart duerch d'Stad
Play

Alles verännert sech sou terribel séier. Och an der Stad. Gëscht stoung do nach en Gebai, da stëbst et eng Kéier, an no e puer Méint kennt een déi Plaz net méi erëm. Dat mierkt een de Moment op villen Ecker op der Gare an an der Uewerstad. Haut wëlle mer mat oppenen Aen doruechter goen, a kucken zréck an der Zäit. Den Ufank maache mer bei engem landbekannte Bistro deen de Moment natierlech zou huet. De vis-à-vis. Keng Angscht deen huet schonn villes iwwerstane an och no der Pandemie geet et monter virun. Ier mer den Guide ze Wuert komme loossen wat him heizou afält lauschtere mer fir d'éischt op déi aktuell Wiertsfra d'Martine Wagner.