Ëmmer méi iwwergewiichteg
05/03/2021

58,7 Prozent vun de Mënschen zu Lëtzebuerg waren 2016 ze schwéier, sou déi rezent WHO-Statistiken. Wann een da weider an den Tabelle kuckt, gesi mir kloer, datt mir an d'Luucht ginn, konstant iwwert d'Joren ewech. Waren et 1996 nach 49,3 Prozent vun der Bevëlkerung, déi ze vill Kiloen hat, sou waren et 2006 scho 54,4 Prozent an elo dann 58,7 Prozent. Sou wäit zu der ellener Realitéit, minimalen Trouscht mir sinn net déi Schwéierst op der Welt. Marie Gales.
