Visitt bei ArcelorMittal
05/03/2021

De Stolproduzent ArcelorMittal leit ferme ënnert der ewechbriechender Nofro am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie an engem allgemeng komplizéierten Environnement. Sief et d'Iwwer-Capacitéiten um Weltmaart, Wirtschaftskris, oder de Green Deal - d'Europäesch Stolindustrie steet virun enger grousser Erausfuerderung. Bei enger Visitt Gëschter vum Ierfgroussherzog Guillaume an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot goufe déi nei Installatiounen am Wierk zu Déifferdeng presentéiert déi d'Wierk weider solle Konkurrenzfäeg halen. Tim Morizet.
