Weltfraendag: Centre Ozanam vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte

08/03/2021
Weltfraendag: Centre Ozanam vun der Fondation Maison de la Porte Ouverte
Play

Zanter 1971 steet d'Fondation Maison de la Porte Ouverte am Déngscht vu Leit an Nout a bitt Schutz, Ënnerstëtzung a sozial, psychologesch, legal a pedagogesch Hëllef un. Hiert Zil ass dofir all dëse Leit "eng oppen Dier" ze bidden an hinnen nozelauschteren, si ze ënnerstëtzen an hinnen ze hëllefen. Esou setze si sech dann och staark fir Fraen a jonk Mammen an Nout an. 2019 zum Beispill haten sech 491 Fraen u si adresséiert hu fir Hëllef ze kréien.