Weltfraendag: Service vun der Chancegläichheet an der Gemeng Stengefort

08/03/2021
Weltfraendag: Service vun der Chancegläichheet an der Gemeng Stengefort
Play

D'Gemeng Stengefort ass zanter e puer Joer am Gaang sech intensiv fir eng Gläichstellungspolitik op kommunalem Niveau anzesetzen. Dozou zielt natierlech och d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer. Viru gutt 2 Joer hu si dann och d'Charte européenne pour l'égalité des chances entre femmes et hommes dans la vie locale ënnerschriwwen. Vun deem Moment war et dunn och relativ séier kloer, dass en eegestännege Service misst an d'Liewe geruff ginn deen dann haut och en Place ass. Ëm wat esou ee Service sech këmmert, wollt d'Nicky Soisson wëssen.