Second Hand a Vintage - ass den Trend zu Lëtzebuerg ukomm?
09/03/2021

An internationale Groussstied ass et scho laang en Trendthema: Second Hand a Vintage - Sief et bei Kleeder, Accessoiren, Deko oder Miwwelen. Och hei am Land deele Leit dës Passioun, verschiddener loossen sech souguer zu eegene Konzepter inspiréieren. Mir hunn eis dräi ganz ënnerschiddlech Projeten ugekuckt, déi am leschte Joer an d'Liewe geruff goufen.
