Wéi fleegen ech de Wues?
10/03/2021

E schéine gréngen Teppech ronderëm d'Dier, a schonn sinn vill Leit glécklech. Awer bis dee Wues esou ass, dass e keng Lächer huet, dass e gläichméisseg wiisst an am Summer net brong gëtt brauch et och vill Stonnen Aarbecht déi een investéiere muss. Fir dass een elo am Fréijoer alles richteg mécht hu mir eis Hëllef gesicht.
