Résumé Invité Band
15/03/2021

Déi sanitär Mesuren an der Schoul krute mam neie Covid-Gesetz keng legal Basis. Fir d’Oppositioun ass dat e “Staatsversoen”. Déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché gesäit dat méi nuancéiert. Si war de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Et wär éischter eng juristesch Problematik. Hei géing sech d’Fro stellen, wéi een all Problemer, déi sech eng Kéier kéinte stellen, misst am Text präziséieren. Dat wär awer schwiereg bei sou engem Virus. Datt et elo kee Gesetzestext gëtt, wär kee Staatsversoen, mä éischter eng juristesch Hürd, sou d’Josée Lorsché weider. Donieft war de Moien am Interview awer och rieds iwwer déi ganz lues Impfcampagne hei am Land, Annick Goerens
