De Raphael Fiegen a seng Muppen
17/03/2021

De Raphael Fiegen bezeechent sech als Globetrotter, Aventurier, Musher, Explorer, Acteur a Schrëftsteller an enger Persoun. An da sinn do nach seng vill Muppen mat deenen hien vun Zäit zu Zäit op Expeditioun geet. Fir d'éischt eleng a spéider am Team. Mir wëllen haut erausfannen wéi dee jonke Mann tickt a wat hien un der Natur begeeschtert, awer och héieren wéi Leit aus sengem Ëmfeld mat him eens ginn a wat een dofir matbrénge muss, fir och ënner Extrem-Konditiounen zesummen ze fonctionéieren an hunn eisen RTL Reporter op Esch geschéckt fir dat erauszefannen.
