Unicef: Situatioun vun de Kanner a Syrie sou schlëmm wéi ni virdrun

18/03/2021
Unicef: Situatioun vun de Kanner a Syrie sou schlëmm wéi ni virdrun
Play

Am Moment kuckt déi ganz Welt op d'Corona Pandemie a wéi mir déi iergendwéi kënnen an de Grëff kréien. Leider ginn dobäi nawell gären aner Krise vergiess déi awer och ganz schlëmm Konsequenze fir en Deel vun der Populatioun mat sech bréngen. Notamment eng vun deene gréissten humanitäre Krisen aktuell, de Konflikt a Syrien, deen elo well 10 Joer am gaangen ass. Op deem ronne Gebuertsdag, wann een dat dann esou nenne kann, ass d’Situatioun vun der Kanner dohannen haut sou schlëmm wéi ni virdrun. Nicky Soisson.