Wéi mécht een schéi Fotoen am Fréijoer?
19/03/2021

Mir freeën eis op d'Fréijoer, d'Temperature klammen, an d'Natur erwächt nees nei. Iwwerall wiisst a spréisst et, an och déi éischt Blumme fänken un ze bléien. Do schléit natierlech och nees d'Häerz vu ganz ville Fotosfrënn direkt méi héich. Séier de Fotoapparat eraus, oder och den Handy a klick, schonn ass d'Bild fäerdeg. Mee Hand op d'Häerz... net all Bild gëtt esou gutt wéi een sech dat virgestallt hat, an d'Michèle Schons huet e puer Tuyaue fir dat richtegt Liicht?
