De néie Waassertuerm op der Cloche d'Or a seng Roll an der Verdeelung vum Drénkwaasser
22/03/2021

Haut um Weltwaasserdag léiere mer richteg vill bäi wat eis Drénkwaasser-Versuergung ugeet, a fir dat d’Waasser och bei Iech aus dem Krunn kënnt, brauch et vill Waasser Tierm uechtert d’Land. Den RTL Reporter ass an der Haaptstad ukomm, an do klëmmt den Dan Vinkowski ee vun deene schéinsten Tierm aus dem Land erop.
