Etüd vun der Uni.lu: Lauschter op däin Häerz

23/03/2021
Etüd vun der Uni.lu: Lauschter op däin Häerz
Play

All Mënsch erlieft alt mol kierperlech Symptomer am Alldag déi net duerch eng Krankheet oder en Accident verursaacht ginn. Dat kann zum Beispill mol Iwwelzegkeet sinn oder d'Häerz wat wéi geckeg schléit wann een enger stresseger Situatioun ass. Wann déi stresseg Perioden allerdéngs méi laang undaueren, ouni dotëscht och mol nozeloossen, dann entwéckele verschidde Leit kierperlech Symptomer wéi zum Beispill Schlofstéierungen, Péng, Schwindel, Geräischer an den Oueren, Schweessausbréch oder Änleches. Allerdéngs kënnen dës Symptomer dacks net medezinesch erkläert ginn, och wa se reell do sinn. A genee dofir interesséiert sech eng Etüd op der Uni Lëtzebuerg déi aktuell duerchgefouert gëtt. Nicky Soisson.