Mir gi wanderen - Éislek éischt Leading Hiking Regioun
25/03/2021

Wann Dir an der leschter Zäit eventuell am Éislek ënnerwee waart, dann ass Iech vläicht dat eent oder anert neit Schëld opgefall. Zu Dikrech direkt bei den Ieselen ass zum Beispill sou eent. Dat ass en Deel vun engem ganz grousse Projet. D'Regioun Éislek soll nämlech déi éischt Leading Hiking Regioun ginn. Wat dat eigentlech ass, dofir hunn mir haut eis RTL Reporterin an d'Éislek geschéckt fir méi iwwert den Norde gewuer ze ginn.
