Astrid Lulling "Mein Leben als Frau in der Politik"

29/03/2021
Astrid Lulling "Mein Leben als Frau in der Politik"
Play

"Mein Leben als Frau in der Politik", esou heescht der Astrid Lulling hier Autobiografie, déi déi fréier CSV Europadeputéiert 2018 erausbruecht huet an déi d'lescht Woch op engem digitalen Evenement virgestallt gouf, dat d'Associatioun vun de fréiere Memberen aus dem Europaparlament zesumme mam Büro zu Lëtzebuerg organiséiert hat. "Librorum" nennt sech dës nei Serie vun Evenementer, wou all puer Wochen e Buch presentéiert gëtt, dat e fréieren Europaparlamentarier geschriwwen huet. Iwwert d'Buch gouf déi lescht Woch manner geschwat, mä et war jo och eng Geleeënheet fir fréier Kollegen erëm ze gesinn a mat deenen ze poteren, Dany Rasqué