Beim Aulebäcker zu Nouspelt, eng laang Traditioun
29/03/2021

Zu Nouspelt, matten am Duerf, steet e wonnerschéint uraalt Haus, wou de leschten Aulebäcker dra geschafft huet. Fir eisen RTL Reporter goufen d’Dieren vun dësem Musée ausnamsweis haut erëm opgespaart an den Dan Vinkowski mécht sech do mat sengen zwee Invitéen op d’Sich no der Geschicht vum Aulebäcker a vun de Péckvillercher.
