De Filmproduzent Bernard Michaux - Episod 28
30/03/2021

Gläich zweemol gouf de Film "Collective" fir d'Oscaren nominéiert. Déi rumänesch-lëtzebuergesch Co-Produktioun gräIft e sensibelt Thema op, et geet ëm Korruptioun am Gesondheetswiesen, déi no der Brandkatastroph an der Disco "Collective" zu Bukarest, opgedeckt gëtt. De Film vum Alexander Nanau suivéiert mat der Kamera e Journalist an e jonke Politiker a Rumänien. De Bernard Michaux vu SAMSA-Produktioun war ganz séier vun der Iddi begeeschtert an huet sech op eng Aventure agelooss, déi ënner anerem de Präis um Lux-Filmfest krut, op grousse Festivaller war an international gutt Kritike krut. D'Christiane Kremer huet de Bernard Michaux bei SAMSA begéint a sech mat him ënnerhalen.
