De Filmproduzent Bernard Michaux - Episod 28

01/04/2021
De Filmproduzent Bernard Michaux - Episod 28
Play

Gläich zweemol gouf de Film "Collective" fir d'Oscaren nominéiert. An der rumänesch-lëtzebuergescher Co-Produktioun gëtt e sensibelt Thema opgegraff: et geet ëm Korruptioun am rumänesche Gesondheetswiesen, déi no der Brandkatastroph an der Disco "Collective"  zu Bukarest, opgedeckt gëtt. De Bernard Michaux vu SAMSA-Produktioun  ass ee vun de 4 Produzente vum Film, war ganz séier vun der Iddi vum Realisateur Alexander Nanau begeeschtert an huet sech op eng Aventure agelooss, déi ënner anerem de Präis um Lux-Filmfest krut, op grousse Festivaller war an international gutt Kritike krut. De Bernard Michaux huet dem Christiane Kremer erzielt, wourëms et an dësem Documentaire geet.