De Filmproduzent Bernard Michaux - Episod 28

03/04/2021
De Filmproduzent Bernard Michaux - Episod 28
Play

Gläich zweemol gouf de Film "Collective" fir d'Oscaren nominéiert. An der rumänesch-lëtzebuergescher Co-Produktioun gëtt e sensibelt Thema opgegraff: et geet ëm Korruptioun am rumänesche Gesondheetswiesen, déi no der Brandkatastroph an der Disco "Collective"  zu Bukarest, opgedeckt gëtt. De Bernard Michaux vu SAMSA-Produktioun  ass ee vun de 4 Produzente vum Film, war ganz séier vun der Iddi vum Realisateur Alexander Nanau begeeschtert. Am Gespréich mam Christiane Kremer huet de Bernard Michaux iwwer de ganze Parcours geschwat, deen hie mam Film gemaach huet, vum Montage bis op den Ecran.