Maacher, d'Musel-Metropol
31/03/2021

Nach just e puer Deeg musse mer duerchhalen an d'Ouschtervakanz ass do. D'Schoulbicher bleiwen zou an et sicht ee sech eng Distraktioun. A well mir dëst Joer nëmmen schwéier un d'Mier kommen a Lëtzebuerg keng Plagen huet, sinn mer haut op der Sich no Ofwiesslung fir déi nächst 2 Wochen. Zu Gréiwemaacher hu mer direkt 3 flott Ulafplazen fonnt déi den RTL Reporter fir eis teste kann, an dat bei 23 Grad déi haut fir d'Musel prophezeit ginn.
