RTL Reporter bei der Cabin Crew vun der Luxair

02/04/2021
RTL Reporter bei der Cabin Crew vun der Luxair
Play

De Moie fléie mir am RTL Wecker mam Luxair-Fliger, mir leieren zwee ganz sympathesch Pilote kennen, déi eis vun hirem Dramberuff verzielen, mir besichen den Direkter vun der Luxair a sengem Büro a fir unzefänken interesséiert sech eisen RTL Reporter fir d'Formatioun vun enger Stewardess an engem Steward. En Job deen och ëmmer méi vu Männer ausgeüübt gëtt. 200 Leit schaffen als Cabin Crew bei der Luxair dovu sinn der 40 e Steward. Wat ee soss nach iwwert dëse Job  muss wëssen huet de Loïc Juchem fir eis nogefrot.