RTL Reporter beim Direkter vun der Luxair
02/04/2021

Luxair Group huet hire Sëtz zu Mënsbech an der Industriezone. Nodeems eisen RTL Reporter de Moie schonn 2 Piloten an d'Cabin Crew kennegeléiert huet, gëtt et elo Zäit fir de Gilles Feith a sengem Büro ze besichen. Zanter dem 1. Juni 2020 ass hien un der Spëtzt vun der Luxair an huet extrem vill nei Iddien, déi hie gäre mat senger Ekipp ëmsetze wëll. Mam Loïc Juchem huet hien iwwert seng Projete geschwat an hien huet och verrode wou d'Lëtzebuerger hier Ouschtervakanz verbréngen.
