Den Owend op RTL
06/04/2021

Zanter elo méi wéi engem Joer heescht et: Distanzen anhalen a sozial Kontakter, sou gutt et geet vermeiden. De Lockdown zitt sech a lues a lues ëmmer weider. An et schéngt keen Enn a Siicht. D'ganz Welt waart... waart op deen Ament, wéini nees alles normal ass. Ma bis dohinner heescht et awer Gedold hunn. Do ass et normal, dass een heiansdo mol d'Flemm huet, ma do kann een awer och eppes dogéint maachen.
