Op Besuch beim Bestatter
09/04/2021

Et ass immens traureg an et wëll een sech et guer net virstellen, ma den Doud gehéiert zum Liewen. En Thema iwwert dat een eigentlech net gäre schwätzt, ma et ginn awer och Leit déi dagdeeglech mam Doud konfrontéiert sinn. Engem Bestatter seng Missioun ass et, déi Verstuerwen sichen ze goen an duerno d'Begriefnis ze plangen. Fir dëse Beruff muss ee gemaach sinn. Eisen RTL Reporter wëll de Moie erausfannen wien déi Leit sinn an wéi een zum Bestatter gëtt. De Loïc Juchem kuckt sech fir eis zu Hamm bei Erasmy Pompes-Funèbres ëm.
