D'Harespele si schonn ënnerwee!

13/04/2021
D'Harespele si schonn ënnerwee!
Play

D'Harespele gesäit ee meeschtens um Enn vum Summer. Eng Glace, e Mëttegiessen op der Terrasse a scho si se do. Et ass dee Moment wou et ëm d'Existenz vun der Harespel geet. Se si scho wäit virum Hierscht aktiv a fänken elo schonn un, hiert Vollek ze grënnen. Kinniginne sinn dowéinst elo schonn eraus a sichen sech eng schéi Plaz fir e flott Nascht ze bauen.