D'Stëmm vun engem Sänger - John Rech
16/04/2021

Aus der Lëtzebuerger Musekszeen ass de John Rech mat senger flotter Stëmm net ewechzedenken. Als Sänger ass een op seng Stëmm ugewisen an et muss een dofir och gutt drop oppassen. Wat fir e Geheimrezept gëtt et do a wéi kënnt e Sänger, deen normalerweis reegelméisseg viru groussem Publik séngt duerch dës Zäit? Ënnert anerem dat huet den Diddelenger, deen ee vun T42 oder vun Dreamcatcher kennt, dem Loïc Juchem am Interview verzielt.
