Hei Elei Kuck Elei um Dag vun der Stëmm mam Maggy Molitor
16/04/2021

D’Maggy Molitor huet bal 10 Joer laang sonndesmëttes den Hei Elei Kuck Elei op RTL presentéiert, dernieft kennt ee Sie duerch d'Makadammen. Nach haut steet d'Maggy reegelméisseg virum Publik a weess mat senger Stëmm ze iwwerzeegen. Wei em dat geléngt a wei een d'Stëmm op der Bün richteg notzt huet et dem Loïc Juchem am Interview verroden.
