Op der Marie-Astrid: D'Schëff fiert nees!
15/04/2021

Op der alleréischter M.S. Princesse Marie-Astrid hunn 350 Passagéier Plaz fonnt. Iwwert Joren sinn ëmmer mol nees nei Schëffer kaaft ginn. Zanter 2010 mécht dat 5. an aktuellt Schëff säin Tour iwwert Musel. Bëssen méi grouss ass et iwwert Joren och ginn, 500 Leit fannen mëttlerweil Plaz u Bord. Virun allem interesséiert een an dësen Zäiten awer Terrasse oder an dësem Fall wéi et op Deck ausgesäit. Do sinn d'Plazen zwar limitéiert, ma wéi och am Restaurantssecteur geet et awer do och elo nees lass.
