De Pe'l Schlechter kritt 100 Joer
20/04/2021

Haut op den Dag genee feiert de Lëtzebuerger Illustrateur, Grafiker an Auteur Pe'l Schlechter säin 100. Gebuertsdag. Hien ass bekannt als Grafiker vun Affichen a Plakaten, vrun allem fir d'Foire an d'Lotterie Nationale, mä hie gëllt och als ee vun den éischte Comic-Zeechner am Land.No senger Pensioun mat 65 huet de Pe'l Schlechter och ugefaange mat schreiwen: Kuerzgeschichten a Kannerbicher, déi en och selwer illustréiert huet. Virun 9 Joer gouf hie fir säi Buch "De Pol muss an de Krich" mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent.
