Serie Planzen - Mir gi Wëll- an Heelkraider sammelen
21/04/2021

D'Diversitéit vun der Natur ass immens spannend, wa mer se dann och géinge wuesse loossen. Wëllkraider an Heelplanze komme vum selwen an hunn och ëmmer eng Relatioun mat der Plaz wou se wuessen. Leider fält dat eis an eisem Alldag kaum op, dass déi stäerksten Heelplanze quasi virun eiser Nues wuessen, oder mir drécken hinnen de Stempel Onkraut op a versichen se lass ze ginn. Do sinn awer dacks ganz wäertvoll Saachen derbäi, Michèle Schons?
