Résumé Kloertext Band

23/04/2021
Résumé Kloertext Band
Play

Wéi geet et weider mat der CSV no der Causa Engel? Um Parteikongress muer presentéiert sech eng Equipe ronderëm den Deputéierten a fréiere Spëtzekandidat Claude Wiseler, fir d'Geschécker vun der Partei ze leeden. Ass dat déi richteg Strategie oder brauch déi gréissten Oppositiounspartei eng staark Persoun un hirer Spëtzt? Wäert et der neier Equipe geléngen, Rou an d'Partei ze bréngen, nodeems de Sträit mam Frank Engel mat enger Denonciatioun beim Parquet op en Enn gaangen ass? Dorëms goung et gëschter am Kloertext op der Tele, mam Europadeputéierten a Kandidat fir Generalsekretär Christophe Hansen, der Stater Gemengeconseillière a Kandidatin fir Co-Presidentin Elisabeth Margue, dem laangjäregem Parteimember a Matgrënner vum Dräikinneksgrupp Pierre Lorang a mat Extraiten aus engem Interview mam fréiere Staatschef Jean-Claude Juncker. D'Fanny Kinsch resuméiert.