Am Klouschter: Eng Plaz fir ze entspanen
26/04/2021

Stellt iech eng Plaz fir wou et roueg ass, néirens héiert een eng Strooss, keng Baustell wäit a breet an och Mënsche begéint ee just dann, wann een dat gären hätt. Op déi Plaz wou mir iech haut am RTL Reporter mathuelen, ass et bëssen esou. Am Klouschter Cinqfontaine, oder verschiddener kennen et vläicht éischter ënnert dem Numm Pafemillen, ginn et ëmmer eng ganz Partie Kueren, déi och Privatleit kënne matmaachen. Sief et fir nees méi zou sech ze fannen, sech op seng Etüden ze konzentréieren oder wann ee vläicht och e spezielle Regimm maache wëll. D'Lea Schwartz ass fir eis elo mol do zu Cinqfontaine am Norde vum Land tëscht Saassel an Ëlwen.
