Am Klouschter: D'Pafemillen a seng Geschicht

26/04/2021
Am Klouschter: D'Pafemillen a seng Geschicht
Play

Viru bësse méi wéi 100 Joer ass d'Klouschter Fünfbrunnen, Cinqfontaine oder op gutt Lëtzebuergesch Pafemillen gebaut ginn. Si läit tëscht Ëlwen a Saassel am Norde vum Land. An eisem RTL Reporter schwätze mir haut doriwwer. D'Klouschter ass nämlech Ufank Januar un de Lëtzebuerger Staat iwwergaangen, mir kucke wéi déi verschidde Programmer am Klouschter grad lafen, virun allem Studente preparéieren sech dacks do op hir Examen a firwat et iwwerhaapt verkaaft gouf. Fir d'éischt kucke mir awer emol op d'Geschicht vum Klouschter zréck. 100 Joer si fir sou eng Ariichtung jo eigentlech net ganz vill, mee et ass an där Zäit genuch geschitt, an net just positiv Saachen.