Op der Spillplaz: De Beruff vum Spillplazepréifer
27/04/2021

Kand misst een hautdesdaags sinn, wann een sou verschidde Spillplaze gesäit, do kéint een schonn den Androck kréien, dass dat éischter Konschtwierker sinn, wéi Spillsaachen. Mee déi sinn natierlech stabil an dofir gemaach fir drop ze rolzen an sech midd ze maachen. Fir, dass dat och esou bléift, ginn hei zu Lëtzebuerg déi ëffentlech Spillplazen op d'mannst eemol d'Joer iwwerpréift. An eisem RTL Wecker schwätze mir haut iwwer genee déi Kontrollen. An mir fänken un mam Beruff um Spillplazekontrolleur.
