Ganz in: Pistasch-Mëllech

27/04/2021
Ganz in: Pistasch-Mëllech
Play

Wann et ëm d'Mëllech geet, da ginn et d'Meenungen nawell gären ausenaner. Déi eng drénken hiert Liewe laang Koumëllech, fir si déi eenzeg richteg Mëllech; déi aner gräifen hirer Gesondheet an der Ëmwelt zu Léift léiwer op eng Alternative op planzlecher Basis. An do gëtt de Choix ëmmer méi grouss. Ob Mandel-, Soja-, Huewer- oder Kokosmëllech, haut ass quasi fir all Goût eppes dobäi. An et kommen ëmmer nees nei Varianten dobäi, Nicky Soisson.