Gespréich mam Weibëschof Léon Wagener

28/04/2021
Gespréich mam Weibëschof Léon Wagener
Play

14 Deeg, wou gefillt dat ganzt Land soss an d'Kathedral gepilgert ass, dat ass d'Oktav. Aus allen Ecker vum Land an souguer iwwer d'Grenzen eraus koume se ze Fouss an d'Stad. Dono ass nach en Tierchen iwwer de Mäertchen gedréit ginn fir sech ze stäerken, an ier een nees Heem gefuer ass huet een nach en Tour duerch déi Stater Butteker gemaach. Et kléngt wéi wann dat schonn éiweg hier wier, mä dobäi war dat nach d'Bild virun knapp 10 Joer.