Fond De Gras: Ouni Benevolen geet näischt

29/04/2021
Fond De Gras: Ouni Benevolen geet näischt
Play

Ëmmer erëm steet een um Fond De Gras virun Erausfuerderungen. Sief et Maintenance oder Maschinnen déi gefléckt musse ginn. Dacks gëtt et mol keng Ersatzstécker méi. Et muss sech eppes afale loossen, wann ee wëll dass den Zuch erëm fuere kann. An och den Entretien vun der Streck an de Schinnen ass munchmol en Challenge. Doduerch dass vill Bësch um Site ass, begéint hei mol deen een oder aneren Problem.