RTL Reporter: De Beruff vum Hondsmeeschter bei der Police
03/05/2021

24h/24 mat sengem beschte Kolleeg op 4 Patten ze verbréngen, zesummen ze schaffen an ze liewen, en Dram fir all passionéierte Muppemeeschter dee säi "best Buddy" daagsiwwer mat ëmmer nees engem schlechte Gewësse muss eleng doheem loossen fir senger Aarbecht nozegoen. Ma et ginn awer Beruffer bei deenen de Flocki net nëmme wëllkomm mee souguer e Must ass. Wéi zum Beispill bei der Hondsstaffel bei der Police. Wéi een zu deem Beruff kënnt, dat wollt d'Nicky Soisson wëssen.
