Lëtzebuerg seet Merci zu Déifferdeng
03/05/2021

Lëtzebuerg seet Merci an dat elo fir eng éischte Kéier op RTL. Zesumme mat Luxair verschenke mir dës Woch 10 Dramreesen u Leit déi et wierklech verdéngt hunn. Si hunn sech fir anerer engagéiert an no hinne gekuckt, se hunn och a schwéieren Zäiten hiert Bescht ginn. Den Optakt, dee maache mer haut zu Déifferdeng beim Sylvie Fabbro. Si ass Concierge am Witwenheem zu Nidderkuer an huet do deenen eelere Leit ënnert d'Äerm gegraff an alles dru gesat fir, datt se gesond bleiwen. Nominéiert gouf si vun hirer Duechter dem Tamina. De Loïc Juchem an d'Tamina haten sech e gudde Plang iwwerluecht an hunn d'Sylvie dunn um Enn mat enger Luxair-Rees op Madeira iwwerrascht.
