Lëtzebuerg seet Merci zu Réimech
03/05/2021

Déi lescht Wochen hu mer se och hei iwwert de Radio gesicht, d’Helde vum Alldag, wärend der Kris vum leschte Joer an dës ganz Woch soe mir Merci. Eis RTL-Reporter sinn am ganze Land ënnerwee fir Dramreese vun der Luxair ze verschenken. Den Dan Vinkowski ass un d’Musel gefuer, an do gëtt esou en Held mat engem groussen Häerz, deen net nëmmen an der Cité mee an der ganzer Gemeng de Leit eng Hand upéckt, wou en nëmme kann. Zesumme mam Jil a sengem Mann iwwerrasche mer haut den Olli, mat enger Luxair - Rees op de Cap Vert.
